Virun dräi Joer huet d’Faillite vum Immobiliegrupp Cenaro vill Familljen am Land an eng schwiereg Situatioun bruecht. Laut rezenten Informatiounen aus der Press konnte mëttlerweil verschidde Keefer an hir Wunnengen anzéien, anerer sinn awer nach ëmmer an enger onklorer Situatioun a wëssen net, wéini oder ob si jeemools an hir bezuelte Wunnenge kënne plënneren.
Dës Situatioun weist d’Vulnerabilitéit vun de Keefer bei gréisseren Immobilieprojeten am Fall vun enger Faillite vum Promoteur. Trotz de gesetzleche Garantië schéngt et, datt verschidde Familljen ëmmer nach op eng Léisung waarden, wat zu finanziellen an emotionale Schwieregkeete féiert, besonnesch an engem Land wou d’Wunnengspräisser scho ganz héich sinn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Famillje sinn aktuell nach ëmmer vun der Cenaro-Faillite betraff a wéi eng konkret Mesuren huet d’Regierung geholl fir hinnen ze hëllefen?
-
Wéi eng legal Mechanismen existéiere fir Keefer ze schützen, déi an esou enger Situatioun sinn, a plangt d’Regierung dës ze verstäerken?
-
Gëtt et eng spezifesch Zäitlinn, bis wéini all betraffe Familljen eng definitiv Léisung fir hir Wunnsituatioun kréien?
-
Wéi eng preventiv Mesuren huet d’Regierung zanter der Cenaro-Faillite ëmgesat fir ze verhënneren, datt sech esou eng Situatioun an Zukunft widderhëlt?
QP Nummer 3443