CCBLR.COM ASBL

Rezent international Medieberichter, dorënner en Artikel vu “Politico”, hunn op e Webinar higewisen, dee vun der “Belgian-Luxembourg Chamber of Commerce in Russia and Belarus” (CCBLR) organiséiert gëtt. An dësem Webinar sollen Entreprisen iwwer “alternativ Bezuelkanäl” an “digital Transaktiounen” berode ginn, explizit mam Zil, Restriktiounen ze ëmgoen, déi duerch den Ausschloss vu russesche Banken aus dem SWIFT-System entstane sinn. De Berichter no gëtt an der Invitatioun op “komplex Ëmweeër” higewisen, dorënner Intermediairen a Krypto-Wärungen. Laut dem Lëtzebuerger Handelsregëster (LBR) ass ënnert der Nummer F12665 eng “Association sans but lucratif” (ASBL) mam Numm “CCBLR.COM” registréiert, mat Sëtz op der Adress 152, Boulevard de la Petrusse, L-2330 Lëtzebuerg. Dës Vereenegung ass am LBR aktuell mat dem Statut “en procédure de dissolution administrative sans liquidation” vermierkt. Am Hibléck op déi strikt Ëmsetzung vun den EU-Sanktioune géint Russland stellt sech d’Fro no der Roll vun dëser Lëtzebuerger Struktur bei méigleche Contournemente vun de Sanktiounen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Regierung iwwert d’Existenz vun dësem Webinar an den Aktivitéite vun der CCBLR informéiert?

  2. Kann d’Regierung bestätegen, ob et eng direkt Verbindung tëscht den Organisateure vum genannte Webinar an der zu Lëtzebuerg registréierter ASBL “CCBLR.COM” gëtt?

  3. Wéi ass et mat der geltender Gesetzgebung ze vereinbaren, datt eng ASBL, déi laut LBR “en procédure de dissolution administrative sans liquidation” ass, weiderhin aktiv ka sinn an Evenementer organiséieren?  

  4. Huet dës ASBL an der Vergaangenheet oder aktuell staatlech Subsiden, finanziell Hëllefen oder logistesch Ënnerstëtzung vum Lëtzebuerger Staat kritt?

  5. Wéi bewäert d’Regierung juristesch d’Ubidden vu Berodungsservicer, déi explizit Léisunge fir d’Ëmgoe vu Finanzsanktiounen (wéi SWIFT-Spären) thematiséieren, an huet d’Cellule de renseignement financier (CRF) oder eng aner zoustänneg Autoritéit an dësem spezifesche Fall Ermëttlungen ageleet?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3327

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene