Bruttomarge vun de Stroumliwweranten

Am rezente Rapport vum Institut Luxembourgeois de Régulation (ILR) iwwert d’Aktivitéiten an den Energiemäert fir d’Joer 2024 gëtt festgestallt, datt d’Bruttomarge vun de Stroumliwweranten am Segment vun de Residenzclienten tëscht 2023 an 2024 ëm 49,4 % geklommen ass. Wärend den duerchschnëttleche Beschafungskäschtepunkt op de Grousshandelsmäert ëm 18 % zeréckgaangen ass, ass d’Komponent “Energie a Versuergung” op der Rechnung vun de Stéit ëm 11 % gestigen. Den ILR stellt fest, datt d’Liwweranten ënner deenen ugehollenen Hypotheesen héich Gewënner aus der Kommerzialisatioun u Privatclienten zéien.
Weiderhi weist de Rapport a Bezuch op déi dynamesch Tariffer, déi zanter 2024 obligatoresch vun de Fournisseure mat méi wéi 15.000 Clienten ugebuede musse ginn, datt dës Produkter dacks mat enger héijer Marge kommerzialiséiert goufen. Den ILR analyséiert, datt dëst drop hindeit, datt d’Fournisseuren éischter eng legal Obligatioun erfëlle wollten, wéi en innovativen a kompetitive Produit unzebidden, potenziell fir eng intern Substitutioun vun hire Clienten ewech vun de Standardprodukter ze verhënneren. Dës Entwécklunge stelle Froen zur wierksamer Konkurrenz an zur Transmissioun vun de Präisbaisse un den Endverbraucher.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi erkläert de Minister d’Tatsaach, datt d’Bruttomarge vun de Stroumliwweranten am Joer 2024 ëm bal 50 % geklommen ass, obwuel d’Grousshandelspräisser däitlech erofgaange sinn?

  2. Deelt de Minister d’Analyse vum ILR, datt déi héich Marge bei dynameschen Tariffer drop hindeiten, datt d’Fournisseuren dës Produkter bewosst onattraktiv gestalten, fir hir existent Clientsbasis net ze verléieren?

  3. Wéi eng konkret Moossname gedenkt de Minister ze ergräifen, fir sécherzestellen, datt d’Baisse vun de Grousshandelspräisser an Zukunft méi transparent a séier un d’Endverbraucher weidergeleet gëtt?

  4. Ass de Minister der Meenung, datt de Stroummarché zu Lëtzebuerg, mat senger niddereger Wiesselquote vun 1,0 % bei der Zuel vun de Clienten, genuch kompetitiv ass, fir ongerechtfäerdegt Margen-Erhéijungen ze verhënneren?

  5. Ginn et Pläng, d’Konditioune fir d’Berechnung vun de Präisser bei den dynameschen Tariffer méi staark ze encadréieren, fir de Verbraucher eng reell a kompetitiv Alternativ ze bidden?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3240

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene