An de leschte Wochen ass et an den USA, ënner anerem zu Minneapolis, zu schwéiere Virfäll komm, bei deene Bierger:innen am Kader vun Asätz vu staatlechen Autoritéiten, notamment vun Immigration and Customs Enforcement (ICE), festgeholl goufen. An Tëschenzäit si souguer zwee Mënschen duerch déi exzessiv Gewalt vun den Autoritéiten ëm d’Liewe komm, wat an den USA an international Reaktiounen ausgeléist huet. Zuelräiche Politiker:innen an och Ex-US-Präsidenten hunn hir Stëmm géint dës staatlech Brutalitéit a fir d’Erhale vun der Demokratie a Rechtsstaatlechkeet erhuewen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi steet d’Regierung zu der aktueller Situatioun a wäert si sech op diplomateschem Plang dofir asetzen, dass d’Rechtsstaatlechkeet an den USA respektéiert gëtt?
-
Huet d’lëtzebuergesch Regierung sech mat der US-amerikanescher Ambassadrice zu Lëtzebuerg betreffend de Virfäll an den USA ausgetosch?
Wat ass der Ambassadrice hir Positioun an Aschätzung betreffend de Virfäll? -
Wéi bewäert d’Regierung déi aktuell Relatioune mat der neier US-amerikanescher Ambassadrice?
-
Huet de lëtzebuergeschen Ambassadeur an den USA op diplomateschem Niveau zu dëse Virfäll intervenéiert?
QP Nummer 3541
*Bild gouf vun AI erstallt