Bauprojete vun der SNHBM

An engem rezenten Artikel gouf drop higewisen, datt zu Harel an der Stauséigemeng e Bauprojet op engem Terrain vun der SNHBM zanter ronn 20 Joer blockéiert war. De Grond fir dëse laange Stëllstand war ënner anerem d’Aschätzung, datt d’Haiser oder Wunnenge wéinst dem Bail emphytéotique vun 99 Joer schwéier ze verkafe wieren, well d’Terrainspräisser an deem Deel vum Land um private Marché vergläichsweis niddreg sinn an d’Keefer do léiwer voll Proprietaire sinn. D’Konsequenz war, datt en Terrain vu knapp véier Hektar, obwuel d’Infrastrukture schonn zanter Jore fäerdeg waren, brooch leie gelooss gouf.
Dëse Fall wërft d’Fro op, ob de Modell vum “Bail emphytéotique”, deen d’Regierung als Kader fir ëffentlech Promoteure setzt, an alle Regioune vum Land gläichermoossen effizient ass, oder ob et zu weidere Blockade komme kann. Fir d’Wunnengsnout effektiv ze bekämpfen, ass et wichteg ze wëssen, ob nach aner Terrainen am Besëtz vun der ëffentlecher Hand (SNHBM oder Fonds du Logement) aus änleche Grënn net bebaut ginn. Den Direkter vun der SNHBM huet zwar betount, datt d’Emphytéose en général de richtege Wee ass, mee vläicht net op all Plaz gëeegent ass. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gëtt et aktuell weider Terrainen am Besëtz vun der SNHBM oder dem Fonds du Logement, déi zanter méi wéi 5 Joer op eng Bebauung waarden? Wa jo, wou leien dës Terrainen, ëm wéi eng Fläch handelt et sech a wat sinn déi konkret Ursaache fir de Retard an der Entwécklung?

  2. Ginn et aner spezifesch Fäll, an deenen, änlech wéi zu Harel, de “Bail emphytéotique” als Hindernis fir d’Vermaartung identifizéiert gouf, well d’Differenz zu den Terrainspräisser um lokale private Marché ze kleng ass?

  3. Plangt de Ministère, de Modell vum Réckkaf vun Deeler vum Terrain duerch d’Gemeng, wéi et elo zu Harel ëmgesat gouf, och op anere Plazen unzewenden, fir blockéiert Projeten ze deblockéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3456

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene