Autobunnsmaut

An der Belsch lafen Diskussioun iwwert d’Aféierung vun enger Autobunnsmaut fir 2027. Laut engem WORT-Artikel vum 21te Januar soll eng allgemeng Maut agefouert ginn, bei där all Benotzer vun der Autobunn fir d’Notzung bezilt. A Frankräich oder Italien existéieren de Mautsystem (Péage) scho laang.   Zu Lëtzebuerg ginn d’Stroossen aus der Steierkeess vum Steierzueler bezuelt, zum Beispill iwwert d’Autossteier. Vill Gefierer, déi um Transit duerch Lëtzebuerg fueren, bedeelegen sech deemno net un de Käschten vun der Instandhaltung vum Stroossenetz. Och hei am Land ginn et zënter Jore Fuerderungen, fir d’Aféierung vun esou engem Mautsystem. 2019 haten d’Piraten eng Motioun an der Chamber deposéiert fir eng Stroossen-Vignette, mat där jiddereen, deen eist Stroossennetz notzt, och dofir bezilt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ginn et Pläng oder Iwwerleeunge beim Ministère oder Regierung, fir eng Maut fir d’Notzung vun all eise Stroossen hei am Land anzeféieren? 

  2. Falls an der Belsch eng Maut agefouert gëtt, wat fir een Impakt wäert dat op den Trafic op der A6 Richtung Arel hunn?

  3. Wäert d’Regierung hei d’Gespréicher mat der belscher a wallounescher Regierung sichen a wat ass déi lëtzebuergesch Positioun?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3545

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene