Auslagerung vum TICE u Privatfirmen

Op de soziale Medie beschreiwe verschidde Buschaufferen onsozial an abusiv Aarbechtsbedingungen, déi si bei private Busentreprisen erliewen. Rieds ass vun 12 Stonne Bereetschaft an d’Erfëlle vun Aufgaben, déi net méi am Horaire vum Fuerplang mat agebaut sinn. Dëst zu engem minimale Salaire. Mat der Ofännerung beim TICE wäerten verschidde Linnen op den RGTR an domadder privat entreprisen ausgelaagert ginn (wéi zum Beispill d’Linn 10 zu Monnerech).

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäerten d’TICE-Linnen zu Diddeleng duerch Privatlinnen ersat ginn?

  2. Wäerten d’Aarbechtsbedingunge vun de Buschaufferen op den aktuellen TICE-Linnen, déi ausgelagert ginn, mat der Privatiséierung vum RGTR erofgoen?  Falls nee, wéi stellt d’Ministesch sécher, dass d’Aarbechtsbedingunge bei de Privatfirmen, déi fir den RGTR fueren, genee sou gutt sinn, ewéi beim TICE ?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3254

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene