Et gëtt aktuell kee kloer definéierte legale Kader zu Lëtzebuerg, deen de Beruff vum Assistant vétérinaire reglementéiert. D’Leit an dësem Beräich goufen dacks am Ausland forméiert a sinn och kompetent, well se vun enger gudder Ausbildung profitéiert hunn. Allerdéngs dierfen d’Assistenten net all hir Kompetenzen zu Lëtzebuerg asetzen, well vill Aufgaben net an Eegeverantwortung, ouni ee Veterinär, dierfen ausgefouert ginn. Dorënner fält zum Beispill d’Huele vu Bluttprouwen. Mat engem passende legale Kader kéinten dës Beruffer eng wichteg Entlaaschtung fir d’Veterinairen duerstellen an zur Verbesserung vum Fonctionnement an de Praxisse bäidroen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Schafft d’Regierung aktuell drun, fir méi präzis Reegele fir de Beruff vum Assistant vétérinaire zu Lëtzebuerg anzeféieren? Wa jo, wat ass geplangt a wéi en Zäitplang ass virgesinn?
QP Nummer 3798