Aspuerunge bei Labosanalysen

Laut rezenten Informatiounen huet d’Caisse Nationale de Santé (CNS) am Joer 2024 en Defizit vu 25 Milliounen Euro gemaach. Et gëtt virausgesot, datt dësen Defizit an den nächste Jore weider wäert wuessen an dass d’Reserve vun der Krankekeess séier kéinten opgebraucht ginn.
An dësem Kontext sollen divers Aspuerungen ëmgesat ginn, dorënner bei de Käschte fir d’Labosanalysen, wou ënnert anerem bal 11 Prozent agespuert gi sollen. D’Membere vun der Fédération Luxembourgeoise des Laboratoires d’Analyses Médicales (FLLAM) hunn entspriechend Efforte gemaach fir dat Zil ze areechen.
Eis gouf zougedroe, datt d’Ministesch an engem rezente Bréif elo Aspuerunge vu 17 Prozent soll gefuerdert hunn, eng Fuerderung, déi bis dohin ni a dëser Héicht gestallt gi war. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass et richteg, datt d’Ministesch an engem rezente Bréif Aspuerunge vu 17 Prozent bei de Laboratoiresanalysen gefuerdert huet? Wann jo, op wéi enger Basis gëtt dës nei Fuerderung gerechtfäerdegt?

  2. Wéi evaluéiert d’Ministesch déi Efforte, déi d’FLLAM-Membere bis dohin ënnerholl hunn, fir ronn 10 Prozent vun de Käschten ze spueren? Gëtt dës Leeschtung als onzoureechend ugesinn?

  3. Wéi garantéiert d’Ministesch, datt dëse Spuerpolitik net op Käschte vun der Qualitéit vun de medezinesche Laboratoiresservicer geet a mat de beruffleche Standarden am Aklang bleift?

  4. Wéi eng Spuerpolitik ginn aktuell bei den anere konventionéierte Prestatairen aus dem Gesondheetssecteur vun der Gesondheetskeess gefuerdert a wéi vill Prozent Reduktioun mussen déi jeeweils erreechen?

  5. Plangt d’Regierung weider Consultatioune mat de concernéierte Beruffsorganisatiounen, bevir definitiv Decisiounen iwwer dës Aspuerunge geholl ginn, vue dass Regierungsdecisioune Verhandlunge kënne virentscheeden?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2878

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene