Zanter dem 22. September gëtt et um Campus vun der Universitéit Lëtzebuerg (Uni.lu) um Kierchbierg eng massiv Aschränkung am Service vun de Studentekantinen. Laut engem Mail vum “Facility Management Department” vum 18. September 2025 gouf dës Decisioun wéinst “circumstances beyond our control” geholl. Konkret huet dës Restriktioun dozou gefouert, datt d’Kantin “Altius” nëmme ronn 149 Molzechte pro Dag zerwéiere kann, wouduerch si dacks scho virun 12 Auer zoumécht. Dëst huet zur Folleg, datt méi wéi d’Hallschent vun de Studente vum Service ausgeschloss sinn.
Déi studentesch Delegatioun huet de 14. Oktober am Universitéitsrot e Mangel un Transparenz a konkrete Léisungen ugeschwat. An engem Follow-up Mail vum 20. Oktober 2025 huet den “Facility Management Department” matgedeelt, zesumme mam Ministère an dem Operateur Restopolis u Léisunge schaffen. Informatiounen no wier d’Wuerzel vum Problem eng zanter Jore bekannt Ënnerdimensiounéierung vun de Kicheninfrastrukture vis-à-vis vun der Zuel u Studente, woubäi d’Uni d’Verantwortung bei der Administration des bâtiments publics (ABP) gesäit. Eng qualitativ an zougänglech Kantin ass awer en zentrale Pilier fir de Wuelbefanne vun de Studenten an d’Bekämpfung vun der Studenteprekaritéit.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wat ass déi exakt technesch Ursaach fir d’Aschränkung vum Restopolis-Service op dem Campus Kierchbierg, déi d’Uni mat “circumstances beyond our control” beschriwwen huet?
-
Stëmmt et, datt d’aktuell Situatioun op eng zanter Jore bekannt Ënnerdimensiounéierung vun de Kicheninfrastrukture vis-à-vis vun der Zuel u Studenten zeréckzeféieren ass, a wa jo, firwat gouf dëse Problem net antizipéiert a behuewen?
-
Wéi gesäit de konkreten Zäitplang fir eng vollwäerteg Restauratioun vum Service um Campus Kierchbierg aus, a wéini kann erwaart ginn, datt nees all Student do Mëttegiessen iesse kann?
-
Wéini gouf d’Administration des bâtiments publics (ABP) iwwer de Problem vum Facility Management Department vun der Uni Lëtzebuerg informéiert, a wat sinn d’Ursaache fir déi eventuell Verspéidunge bei enger Léisung, wann se bei der ABP leien?
-
Wéini wäert d’Bezuelung mat elektronesche Moolzechteschäiner (Pluxee Kaart) an de Studentekantinen nees méiglech sinn?
-
Ass de Ministère iwwer d’Reklamatiounen iwwer eng degradéiert Qualitéit vun de Molzechten informéiert, a wéi gëtt dëse Problem verfollegt?
QP Nummer 3138