Antennen zu Jonglënster

An engem Meenungsartikel am Wort vun haut gëtt drop higewisen, datt d’Sendemaste zu Jonglënster wäerten ofgeschalt ginn. Dës kéinten awer am Fall vu Krisekommunikatioun eng wichteg Alternativ zu den aktuellen Technologië sinn. D’Antennen zu Jonglënster kënnen bei engem gréisseren oder laangwierege Stroum- oder Internetausfall funktionéieren an d’Kommunikatiounssécherheet erhalen. Déi lescht Méint hu gewisen, wéi ufälleg Kommunikatiounsinfrastrukturen kënne sinn (Incidente bei der POST, Orange, Cloudflare, AWS, etc.) a wi wichteg ee Backup hei ass.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng alternativ Sendeméiglechkeeten stinn dem Staat zur Verfügung, wann d’Antennen zu Jonglënster ofgebaut ginn?

  2. Wéi bewäerten déi zoustänneg Institutiounen (CTIE, HCPN, etc.) den Ofbau vun den Antennen mat Hibléck op d’Kommunikatiounssécherheet (Risikobewäertung)?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3211

Bildquell: Von Durchfuxt – Eigenes Werk, CC BY-SA 3.0, https://commons.wikimedia.org/w/index.php?curid=30820907

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene