Zu Dippech gouf am Dezember 2025 eng Gemengerotssitzung kuerzfristeg vum Schäfferot ofgesot. Den Artikel 12 vum Gemengegesetz gesäit vir, dass de Gemengerot vum Schäfferot aberuff gëtt, wat den Inneminister an der Äntwert op meng virëg parlamentaresch Fro n°3357 bestätegt. Wat Ännerungen vum Ordre du Jour betrëfft, deen de Schäfferot determinéiert huet, esou präziséiert de Minister a senger Äntwert unhand vum Artikel 13, dass dësen u fix ass, bis de Moment, wou de President vum Gemengerot d’Sëtzung opgemécht an de Gemengerot selwer d’Maîtrise iwwert d’Sëtzung an den Ordre du jour huet.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Gouf d’Gemengerotsitzung zu Dippech am Dezember 2025 duerch ee formelle Beschloss vum Schäfferot annuléiert? Wann jo, leit dem Inneministère och ee Rapport aus dëser Schäfferotssitzung vir?
QP Nummer 3454