Aménagements raisonnables am Secondaire

An engem Communiqué vum 12. Oktober 2025, mam Titel „Aménagements dé-?-raisonnables – Net méi just um Bockel vum Enseignant!“, mécht de Syndikat FÉDUSE-CGFP op eng Rei Problemer am Kontext vum Bewëllegen, der Gestioun an der Zertifikatioun vun de sougenannten Aménagements raisonnables am Enseignement secondaire opmierksam. Kritiséiert gëtt ënner anerem déi hiren Aussoen no „staark Inflatioun“ vun Amenagementer, an dass d’Enseignantë bei der praktescher Ëmsetzung dovun dacks ze wéineg Ënnerstëtzung géife kréien.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Schüler krute fir d‘Schouljoer 2024/25 am gesamten Enseignement secondaire mindestens een Aménagement raisonnable accordéiert?

  2. Wéi vill Prozent vun den Demandë fir Aménagements raisonnables goufen am Schouljoer 2024/25 accordéiert?

  3. Wéi huet sech d’Unzuel un Amenagementer, déi pro Schouljoer accordéiert goufen, am Verhältnis zur Gesamtzuel u Schüler säit dem Joer 2011 entwéckelt? Wéi erkläert den Här Minister dës Evolutioun?

  4. Ginn et signifikant Ënnerscheeder a punkto Unzuel un Amenagementer tëscht dem ESC, dem ESG, der Beruffsausbildung an deenen ëffentlechen internationale Schoulen?

  5. Deen am heefegst genotzten Amenagement ass laut FÉDUSE-CGFP dee vun der „majoration du temps lors des épreuves et projets intégrés“. Wéi gëtt dat an der Praxis logistesch gehandhaabt, wann déi normal Zäit fir eng Prüfung ze schreiwen ofgelaf ass, déi eege Klass da fir en anert Fach de Sall wiesselt an dee betraffenen Enseignant selwer op seng nächst Klass goe muss, wärend vereenzelt Schüler awer nach méi laang d‘Prüfung solle weiderschreiwen däerfen?

  6. Steet bei Schüler, déi Amenagementer am Laf vun hirem schouleschem Parcours genotzt hunn, dës Informatioun op all hiren Zensuren an Diplomer kloer an däitlech drop, esou dass hire potenziell spéidere Patron oder d’Universitéit dës Informatioun transparent matgedeelt kritt? Falls net, firwat net?

  7. Der FÉDUSE-CGFP no ass mat der Gestioun vun den Aménagements raisonnables heefeg e grousse Méiopwand fir den Enseignant verbonnen. Gëtt dësem zousätzlechem Aarbechtsopwand mëttlerweil an iergendenger Form an der Tâche vum Enseignant Rechnung gedroen? Falls net, wär den Här Minister bereet dat z‘änneren?

  8. Gesäit den Här Minister ganz allgemeng d’Necessitéit, an der Prozedur vun der Prise en charge vun den Élèves à besoin éducatifs spécifiques kuerz- bis mëttelfristeg Upassunge virzehuelen, besonnesch a punkto Bewëllegen a Gestioun vun den Aménagements raisonnables? Falls jo, wéi eng Upassungen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3052

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene