Alternative fir d’Noutruffnummeren no der Cyberattack op d’POST

Duerch de Cyber-Ugrëff op d’Systemer vun der POST goufen d’Telekommunikatioun an den Internet wärend Stonnen blockéiert an d’Noutruffnummeren 112 an 113 konnten net méi vu POST-Clienten ugeruff ginn. Grad fir d’Noutriff mussen an Zukunft all Alternativen opgemaach ginn, fir dass dës Nummeren zu all Zäitpunkt erreechbar sinn. D’Nummere sollte liicht ze verhale sinn, sou wéi et beim 112 an 113 schonn de Fall ass. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Wäert d’Regierung dofir suergen, dass alternativ Nummere bei alle lëtzebuergesche Providere reservéiert ginn, wéi zum Beispill 691112112, 69113113, 62112112, 66113113, etc., esou dass den Noutruff ëmmer erreechbar ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2730

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene