Acquisitioun vun engem gemeinsame Loftverdeedegungssystem vun de Benelux-Länner

Aus de rezenten Noriichte geet ervir, datt Lëtzebuerg, zesumme mat de Benelux-Partner, d’Acquisitioun vun engem gemeinsame Loftverdeedegungssystem plangt. Dëse Schrëtt schéngt en Deel vun enger verstäerkter regionaler Zesummenaarbecht am Beräich vun der Verdeedegung ze sinn, besonnesch am Kader vun der aktueller geopolitescher Lag. D’Thema vun der nationaler a kollektiver Loftverdeedegung ass vu grousser Bedeitung fir d’Sécherheet vum Lëtzebuerger Territoire a senge strategesch wichtege Funktiounen.
Et stellt sech d’Fro, wéi dës Benelux-Initiativ sech zur European Sky Shield Initiative (ESSI) verhält, vun där Lëtzebuerg bis ewell keen Deel ass, wéi och de genauen Ëmfang, d’Käschten an de Personalbedarf vun deem geplangte System.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng konkret Loftverdeedegungssystemer ginn am Kader vun der Benelux-Zesummenaarbecht evaluéiert oder sinn an der Acquisitioun virgesinn?

  2. Wéi eng Zort Schutz (z.B. géint Rakéiten, Dronen oder Fligeren) soll duerch dëse Benelux-System fir Lëtzebuerg garantéiert ginn?

  3. Wéini gëtt dëse geplangte System operationell a wéi héich ginn déi gesamt finanziell Käschte fir Lëtzebuerg fir d’Acquisitioun, den Ënnerhalt an den Asaz geschat?

  4. Wéi vill zousätzlecht Personal wäert d’Lëtzebuerger Arméi brauchen, fir d’Operatioun an den Ënnerhalt vun dësem System ze garantéieren, a wéi gëtt dëse Personalbedarf gedeckt?

  5. Wéi positionéiert sech dës Benelux-Initiativ zu der European Sky Shield Initiative (ESSI), a gouf d’Optioun vun engem Bäitrëtt zur ESSI an d’gläichzäiteg Benelux-Kooperatioun ënnersicht?

  6. Ass dëse Projet en Ersatz fir virdrun diskutéiert national oder multilateral Loftverdeedegungspläng, a wa jo, aus wéi enge Grënn koum et zu dëser Neiorientéierung an der Strategie?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3039

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene