Accessibel Fliigeren fir jiddereen

Duerch d’Accessibilitéitsgesetz vum 7te Januar 2022 gouf festgehalen, dass Gebaier an ëffentlech Infrastrukture musse fir Rollstullfuerer a Leit mat anere Beanträchtegungen zougänglech sinn. Och Hoteller falen hei drënner a kloer, och de Flughafen. Wou d’Gesetz allerdéngs näischt virgesäit, ass bei de Fligeren. Bei ville Fligermodeller sinn zum Beispill d’Toiletten net fir Rollstullfuerer accessibel.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Mussen d’Fliigeren vun den Airlines, déi zu Lëtzebuerg zirkuléieren, de Krittären vun der Accessibilitéit (« conception pour tous ») entspriechen?

  2. Gëllt dës och fir d’Toiletten an de Fliigeren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3070

Zesummenhang posts

Den Doud vun engem Zuchführer a Rheinland-Pfalz no engem gewalttätegen Ugrëff am Kader vun enger Ticketkontroll huet d’Fro vun der Sécherheet am ëffentlechen Transport
Viru Kuerzem gouf de Streckeverlaf vun der Linn 7 vum TICE geännert an d’Buslinn fiert elo net méi laanscht de Centre hospitalier Emile Mayrisch