An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net direkt op der Plaz am Guichet an der Stad mat Boergeld bezuele kann. De Guichet hëllt op der Plaz kee BOergeld un an d’Leit, mussen op eng Bank goen, fir dann do ee Versement mat hirem Boergeld ze maachen. An der Äntwert op déi mëndlech Fro n°80, den 19te Mäerz, vum honorabelen Deputéierten André Bauler huet de Finanzminister geäntwert, dass d’Bezuele mat Boergeld ee Recht bleift an als gesetzlecht Bezuelmëttel zu Lëtzebuerg gëllt. Grondsätzlech muss jiddereen – och staatlech Verwaltungen – Boergeld akzeptéieren, wann een domadder bezuele wëll. D’Verweigere vum Boergeld ass am Strofgesetz am Artikel 556 festgehalen. Nëmmen aus objektive Grënn kann d’Bezuele mat Boergeld verweigert ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
Kann ee seng Carte d’identité bei staatleche Verwaltungen oder Gemengen mat Boergeld op der Plaz am Guichet bezuelen? Falls nee, wat ass déi legal Basis, fir Boergeld hei ze verweigeren?
QP Nummer 3817