Tëscht Klengbetten a Stengefort baut de Staat d’Vëlospist PC12, déi Deel vum nationale Vëlo-Streckennetz ass. Op dëser Plaz leien nach d’Schinne vun der fréierer Atert-Eisebunnslinn. De Bau vun der Streck betrëfft verschidden Awunner:innen, well d’Streck direkt un hiren Haiser laanschtféiert an hei intensiv Sanéierungsaarbechte vum Buedem mussen duerchgefouert ginn. An engem Artikel am WORT vum 14te Juli 2025 gouf beschriwwen, datt Awunner:innen sech Suergen ëm hir Sécherheet a Gesondheet maachen. D’Awunner:innen hunn no laangem an intensiven Nofroen bei den zoustännege Verwaltungen erausfonnt, dass de Site vun der aler Eisebunnsstreck kontaminéiert ass (Eisebunnsschwellen a Ballast), dass d’Eisebunnsschwellen Joerzéngten lang mat Créosote imprägnéiert goufen, enger kriibserreegender, extrem volatiller an ëmweltschiedlecher Substanz. Mam Bau vun der Streck gëtt weider och Buedem versigelt, wat de Risiko vun Iwwerschwemmunge weider erhéicht. Um Geoportail kann ee gesinn, dass d’Haiser vun den Awunner:innen engem Risiko ausgesat sinn bei staarkem Reen. D’Eisebunnsstreck, wou d’Vëlospist gebaut soll ginn, huet eng Differenz an der Héicht vun 0,80m bis 2,50m op verschiddene Plazen par Rapport zu den Terrainen vun den Awunner:innen! Wann hei mat schwéiere Maschinne geschafft gëtt, riskéiert de ganzen Terrain ze rutschen. D’Awunner:innen sinn net géint de Bau vun der Vëlospist, mee verständlecherweis maachen si sech Suergen, dass de Bau vun der Streck hir Sécherheet a Gesondheet a Gefor bréngt. Nieft der Streck ass och nach eng Crèche mat 27 Kanner, déi och hir Suergen ausgedréckt huet.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Kënnen d’Ministeren bestätegen, dass de Streckendeel vum PC12 aktuell kontaminéiert ass? Falls jo, wéi eng Moossnamen fir d’Sanéierung si virgesinn a ginn dës Moossnamen an den Ae vun de Ministeren duer, fir all Gesondheetsrisiko aus dem Wee ze raumen?
Kënnen d’Ministere garantéieren, dass déi scho realiséiert Viraarbechten an déi geplangten Aarbechten un der Vëlosstreck am Aklang mat de gesetzleche Bestëmmunge betreffend Buedem- a Waasserschutz sinn a sech un de Bautereglement vun der Gemeng gehale gëtt?
Kënnen d’Ministèren bestätegen, dass d’Awunner:innen • iwwer d’Aarbechten vun der Vëlospist informéiert goufen? • Informatiounen, Pläng an Dokumenter erréischt no méi wéi engem Joer no der éischter Ufro kruten?
Kënnen d’Ministeren bestätegen, dass bei de Viraarbechten vun der Vëlospist ee Biotop zerstéiert gouf?
Goufen, virum Ufank vum Ofholze vum Biotop, Schëlder opgestallt fir de Public iwwert de Projet z’informéieren?
De 15ten Oktober 2025 hunn d’Awunner:innen iwwert eng Affekotenetüd ee Recours gracieux beim Ëmweltminister ugefrot. Kann de Minister erklären firwat en, Stand haut, nach net op dësen geäntwert huet?
Kënnen d’Ministeren ausschléissen, dass duerch de Projet d’Awunner een negativen Impakt kréie wat Héichwaasser, Kontaminatioun ugeet? Falls nee, wéi eng Moossnamen si geplangt, fir den Awunner:innen virun de méiglechen Impakter betreffend Iwwerschwemmungen a Kontaminatioun ze schützen?
QP Nummer 3809