Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.
No enger Informatioun, déi mir zougedroen gouf, soll am Centre pénitentiaire de Luxembourg (CPL) eng Persoun inhaftéiert sinn, déi ee komplette Fleegefall duerstellt an déi op spezialiséiert, kontinuéierlech a professionell Betreiung ugewisen ass.
Et gëtt drop higewisen, datt déi néideg medezinesch a therapeutesch Moossnamen am CPL net ugebuede ginn an datt d’Struktur personell an infrastrukturell net fir esou Fäll equipéiert wier, wat dann och dem Prisongspersonal zousätzlech Schwieregkeeten bereet.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill inhaftéiert Persounen zu Lëtzebuerg si komplett Fleegefäll?
-
Wéi gëtt an eise Prisongen d’Fleeg vu komplette Fleegefäll ëmgaangen, mat Hibléck op d’Hygiène, d’Ausféierung vu medezineschen Traitementer, d’Verofreechë vu Medikamenter an d’psychologesch Begleedung a wéi gi Mëssstänn oder Vernoléissegung verhënnert?
-
Ass de CPL personell an infrastrukturell equipéiert, fir Persoune mat engem héije Fleegebedierftegkeet fachgerecht ze betreien? Falls net, wéi eng Alternativen oder aner Strukturen existéiere fir esou Fäll?
-
Gesäit d’Regierung Handlungsbedarf, fir d’Infrastrukturen oder de gesetzleche Kader unzepassen, fir schwéier Fleegefäll am Prisongswiesen adequat kënnen ze betreien?
-
Wéi wierkt sech de Fakt, dass een ee Fleegefall ass, op d’Inhaftéierung vum Gefaangenen aus a wéi eng legal Reegelen applizéieren sech an esou engem Fall?
-
Mir ass dës Weideren zougedroe ginn, dass am uewe genannte Fall eng Demande op elektronesch Iwwerwaachung trotz enger héijer Fleegebedierftegkeet, déi vun Dokteren ausserhalb vum CPL mat engem medezinesche Certificat „inapte à la détention“ medezinnesch ënnerluecht gouf, refuséiert gi wier.
1. Kann d’Justizministesch dëst bestätegen?
2. Wat fir een Handlungsspillraum gesäit déi legal Basis an esou engem Fall vir, wou eng Persoun, déi ee Fleegefall ass, een Antrag op elektronesch Iwwerwaachung oder eng alternativ Prisongsstrof ufreet a wéi gëtt dës Demande evaluéiert an tranchéiert a vu wiem?
Fro n°3805
Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu
QP Nummer 3805
D’Bild gouf mat KI erstallt