Extern Analyse beim TICE

Bei der ëffentlecher Sëtzung vum 29te Januar 2026 hat de Comité vum TICE en zousätzleche Kredit vun 300.000 € am allgemenge Budgetsposten « Honorairë fir extern Consultance an Expertise » adaptéiert, fir eng onofhängeg Analys zu presuméierte Spannungen op der Aarbechtsplaz bannent dem TICE duerch eng extern Gesellschaft duerchzeféieren. D’Firma ass scho bekannt.  Et stellen sech d’Froen un der Vergab vum Optrag, well een beiu 300.000€ iwwert de Schwellewäerter vum ëffentlechen Opträg leit. Doriwwer eraus bemängelt d’Personaldelegatioun FGFC, dass si an dësem schéngbar “onofhängegen” Prozess guer net agebonne gouf a keng Informatiounen doriwwer krut, wéi dës scheinbar “onofhängeg” Analyse sollt duerchgefouert ginn a wien dorunner deelhëlt. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gouf et eng ëffentlech Ausschreiwung fir dës Consultance a falls jo, wat ass d’Referenznummer?

  2. Goufen am Fall vun dëser externer Consultance d’Reegelen am Beräich vun de Marchés publics respektéiert?

  3. Wéi iwwerpréift de Ministère als Tutelle-Instanz vun de Gemengen, datt kommunal Syndikater, wéi den TICE, sech un dës gesetzlech Virschrëften halen?   Wat kann den Inneministère maachen, wa Gemengesyndikater sech net un d’Reegelen halen?

  4. Ass et am Aklang mat de Prinzippie vum Sozialdialog, wann eng extern Analys betreffend der Personalsituatioun duerchgefouert gëtt, ouni d’Personaldelegatioun mat Zäiten am Virfeld z’informéieren oder ze consultéieren?

  5. Gesäit de Minister an dësem Fall, dass eng nei Prozedur fir eng extern Consultance zesumme mat der Personalvertriedung misst lancéiert ginn, fir d’Neutralitéit vun der Analyse ze garantéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3776

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene