Nei Dippecher Ëmgehungsstrooss

De Schäfferot vu Dippech huet informéiert, datt an der Gemeng konkret Pläng fir eng Erweiderung vum Contournement ausgeschafft goufen, déi dem Mobilitéitsministère an engem rezenten Austausch presentéiert goufen an do anscheinend och begréisst goufen.  D’WORT gëtt an engem Artikel vum 16te Mäerz 2026 méi Detailer zu dësem Projet. No Ausso vum Dippecher Mobilitéitsschäffen ass et zwar nach kee formellen offizielle Plang, mee et gouf awer schonn ugekënnegt, datt Planungsopdräg un extern Büroe verginn goufen, fir de konkrete Verlaf vun der Strooss ze analyséieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat ass d’Kommunikatioun zu dësem wichtegen nationale Projet haaptsächlech iwwer d’Gemeng an net iwwer de Mobilitéitsministère gemaach ginn?

  2. Wat gouf dem Dippecher Schäfferot konkret vum Mobilitéitsministère zougeséchert an entspriechen d’Aussoe vum Dippecher Schäfferot am WORT-Artikel den Zousoen, déi de Ministère der Gemeng gemaach huet?

  3. Wéini ass de Bau vun der Ëmgeeungsstrooss geplangt, a bis wéini soll se fäerdeg gestallt ginn?

  4. Wéi soll den Uschloss vum Contournement Dippech-Gare mat dem am Artikel beschriwwene Projet konkret realiséiert ginn?

  5. Wéi laang a wéi breet soll den Tracé vum geplangte Contournement sinn?

  6. Wéi eng Konsequenzen huet dëse Projet op d’Parkplazen op der Nationalstrooss N5 zu Dippech? Wäerten déi bestoend Parkplazen ewechfalen, a falls jo, sinn Ersatzléisunge virgesinn?

  7. Wéi bewäert d’Madamm Ministerin déi proposéiert Streck, a wéi eng Variant gëtt aktuell vum Ministère favoriséiert? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3789

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene