Wien ka sech zu Lëtzebuerg seng eege Wunneng kafen?

D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene Land net leeschten, dëst wéinst den héije Logementspräisser. Op déi héich Präisser kommen dann, zënter 2022, nach méi héich Bankzënsen op Immobiliekreditter.  Leit, déi hier éischt Wunneng wëlle kafen, kënne beim Logementsministère d’Prime d’accession à la propriété ufroen. Et sinn awer ëmmer manner Leit, déi dës ufroen. D’Zuelen am Rapport d’activités 2024 vum Logementsministère weisen zënter 2015 eng staark Tendenz no ënnen, mat 3 Mol manner Primmen, déi accordéiert goufen (vun 1500 op ronn 500 am Joer).

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Regierung soen, wéi sech den Undeel un Eischtkeefer (Primo-Acquéreurs) un der Gesamtzuel vun den Immobilieprêten zu Lëtzebuerg entwéckelt huet tëschent de Joren 2013 an 2025?

  2. Wéi vill Persounen hunn an de selwechte Joren (opgeschlësselt no Joer) vum „Bëllegen Akt“ profitéiert? Wat ass hei den Undeel u Persounen, déi hire bëllegen Akt déi éischte Kéier genotzt hunn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3799

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene