Impakt vum Filmfong

De Luxembourg Film Fund (Fonds national de soutien à la production audiovisuelle) gëtt zënter Joren mat héije Montante vu Steiergelder finanzéiert a soll och an de kommende véier Joer ronn 180 Milliounen Euro aus dem Staatsbudget kréien. Aus de Joresrapporte vum Filmfong geet ervir, datt d’finanziell Hëllefen zum groussen Deel un eng kleng Unzuel u Produktiounsfirme fléissen. Dat selwecht bestätegt d’Äntwert op meng vireg parlamentaresch Fro n°3401.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Kann de Kulturminister Donnéeë virleeën, wéi vill Recetten déi eenzel Filmer aus deem Tableau agespillt hunn (Kino, Televisioun, Streaming, etc.)? Falls nee, aus wéi engem Grond ginn dës Donnéeën net systematesch erhuewen a wéi kënnt de Filmfong senge gesetzleche Verflichtungen no?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3751

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene