An hirer Äntwert vum 18. Dezember 2025 op d’parlamentaresch Fro n°3294 huet d’Ministesch erkläert, datt d’Entscheedung, fir 2026–2027 keng nei Studenten an de Master a Logistik a Supply-Chain-Management opzehuelen, op enger Analys aus dem Joer 2024 baséiert, déi eng Evaluatioun duerch extern Experten abegraff huet, an datt d’Remarquë vun externe Partner aus dem Lëtzebuerger Logistik- a Supply-Chain-Secteur berécksiichtegt goufen. Mir goufen awer vu wichtege Stakeholderen aus dem Partner- an Advisory-Ëmfeld informéiert, datt si zanter engem Advisory Board Enn 2024 — an deem si nach just héieren haten, datt eng Net-Erneierung vun der MIT-Kooperatioun géif a Betruecht gezu géif ginn, ouni datt eng Decisioun getraff gi wier — keng weider Updates méi kruten an och net iwwert d’Decisioun „keng Inscriptiounen 2026/27″ informéiert goufen. Dëst steet am Kontrast zur Ausso an der ministerieller Äntwert, datt Remarquë vun externe Partner ageholl gi wieren. Am Advisory Board sëtze Schlësselacteuren aus der lëtzebuergescher Logistik- a Supply-Chain-Industrie souwéi Leit aus dem ëffentleche Secteur.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi eng Instanz(en) huet/hu formell d’Decisioun geholl, den Accord mam MIT net ze erneieren — a wéini gouf dës Decisioun ënner wéi enger Form (Vote, Approbatioun, asw.) getraff?
Huet d’Universitéit beim MIT formell eng Offer oder Konditioune fir eng Erneierung ugefrot, ier decidéiert gouf net ze erneieren — a wa jo, wéini?
Am Joer 2024 gouf eng Qualitéitsevaluatioun duerchgefouert mat Input vun Alumnien, externe Professeren an Industrie-Acteuren. Goufen d’Resultater vun dëser Evaluatioun dem Advisory Board an/oder de kompetenten Decisiounsträger presentéiert, ier d’Decisioun iwwert d’MIT-Kooperatioun getraff gouf — a wa jo, wéini a mat wéi enge Conclusiounen? Wann nee, zu wéi engem Moment sinn dës Resultater an de Decisiounsprozess agefloss?
Wéi eng Instanz(en) huet/hunn d’Decisioun geholl, fir 2026–2027 keng Inscriptioune méi ze huelen — a wat waren déi konkret Grënn fir dës Decisioun?
Wéi eng Optioune goufen analyséiert, fir eng Lück an der Talent-Pipeline ze vermeiden — a firwat goufen dës Optioune verworf?
Goufen déi externe Partner aus dem Lëtzebuerger Logistik- a Supply-Chain-Secteur bei dëser Decisioun consultéiert — a goufen se no der Decisioun doriwwer informéiert? Wann jo, ween gouf involvéiert a wéini?
Wéi goufen d’Besoine vum Secteur konkret erhuewen an evaluéiert — mat wéi enger Methodik, wéi enge Quellen a wéi enge Consultatiounen — a wéi goufen dës géint dat, wat den LCL ubitt, ofgeglach?
Wéi an zu wéi engem Zäitplang ginn d’Industrie-Acteure weider consultéiert am Kader vun der Reform, fir sécherzestellen, datt de reforméierte Programm dem reale Bedarf entsprécht?
Ass d’Regierung respektiv d’Universitéit bereet, en Executive Summary vun den Analysen (Ëmfang, Methodik, Haapt-Resultater, Recommandatiounen) ze publizéieren?
D’Equipe vum LCL hat 2017 mat 8 Mataarbechter ugefaang an ass iwwert d’Joren op 5 Persounen erofgaang. Kann d’Ministesch dës Personal- a Budgetsevolutioun iwwert d’Jore confirméieren an erklären, wéi dëst mat den ursprénglechen Ambitioune vum LCL kompatibel ass?
Ass d’Ministesch bereet, eng Reunioun tëscht dem Rektorat, dem LCL, den externe Partner an den Alumnien ze encouragéieren, fir Transparenz iwwert béid Decisioune — de Stopp vun der MIT-Kooperatioun an d’Ënnerbriechung vun den Inscriptiounen — ze schafen?
QP Nummer 3732