Bodycams fir Zuchbegleeder

Den Doud vun engem Zuchführer a Rheinland-Pfalz no engem gewalttätegen Ugrëff am Kader vun enger Ticketkontroll huet d’Fro vun der Sécherheet am ëffentlechen Transport erëm an de Fokus geréckelt. Och zu Lëtzebuerg ginn et zënter laangem Diskussiounen, ob d’Personal an eisen Zich méi Kompetenzen an Instrumenter misst kréien, fir géint aggressiv Passagéier geschützt ze ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi schätzt d’Regierung d’Sécherheetslag fir d’Fuehrpersonal an d’Passagéier vun den CFL aktuell an? 

  2. Huet d’Sécherheetslag an den Zich sech fir all Bedeelegt zënter dem Covid verbessert oder ass se gläich bliwwen a wourunner leeën déi Verantwortlech dat fest?

  3. Wéi gesäit d’Regierung d’Iddi, fir d’Zuchbegleeder mat Bodycams z’equipéieren, fir si esou ze schützen? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3646

Eis Propose fir eng Gesetzesännerung

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene