Ausgaben vum Filmfong

De Luxembourg Film Fund (Fonds national de soutien à la production audiovisuelle) gëtt zënter Joren mat héije Montante vu Steiergelder finanzéiert a soll och an de kommende véier Joer ronn 180 Milliounen Euro aus dem Staatsbudget kréien.  Aus de Joresrapporte vum Filmfong geet ervir, datt d’finanziell Hëllefen zum groussen Deel un eng kleng Unzuel u Produktiounsfirme fléissen. Dat selwecht bestätegt d’Äntwert op meng vireg parlamentaresch Fro n°3401. Esou huet de Minister d’Informatioun geliwwert, dass eleng d’Produktiounsfirma Samsa Film tëscht 2015 bis 2025 insgesamt ronn 58 Millioune vum Filmfong krut. An der Chamberssitzung vum 8te Juli 2025 hat de Kulturminister eng Ausso gemaach, déi komplett de wirtschaftlechen Impakt a Succès vun engem Film relativéiert: „De Film net drun moossen, de Lëtzebuerger Film, wéi vill Ticketen am Kino verkaaft ginn, wat en schlussendlech bréngt, well do huet de Film, den audiovisuellen Secteur, eng vill méi grouss Responsabilitéit fir dat kulturellt Schafen …“ Dës Ausso steht am Kontrast mam Artikel 9 vum Gesetz vum 22te September 2014 iwwert de Filmfong, deen explizitt virgeseit, datt eventuell Recetten aus der Exploitatioun vun engem Film “au prorata” vum Investissement un de Filmfong zeréckbezuelt musse ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi garantéiert de Minister, datt de kulturellen Volet net als Alibi mëssbraucht gëtt, fir den Artikel 9 net mussen unzewennen an deemno ausser Kraft ze setzen, woumadder d’Staatskeess ëm Milliounen Verloschter mécht? 

  2. Wéi héich de Gesamtbetrag ass, dee Samsa Film opgrond vum Artikel 9 vum Gesetz iwert de Filmfong zeréckbezuelt huet? 

  3. Fënnt de Kulturminister et fair, dass Samsa Film als Privatfirma all Joers, en série, Filmer an Héicht vu Milliounenbeträg vum Filmfong finanzéiert kritt, während aner kleng Produzenten eidel ausginn, obschonns grad déi  zum kulturelle Patrimoine vun eisem Land massgeeblech beigedroen hunn? 

  4. Wéi veräntwert de Minister, dass keng Recetten an de zeréck an de Staatskeessen landen, dëst bei engem vun engem vum Filmfong gefërderten Film, deen a Kinoen, op Teleeën, bei Streamingdéngschter, ewéi Netflix, als Réckbezuelung an Staatskeess quasi inexistent sinn ? 

  5. Kann de Minister präziséieren, wéi vill Aarbechtsplazen (CDI, Vollzäit) et zu Lëtzebuerg an der Filmproduktionsbranche (Lëtzebuerger Filmindustrie) gëtt? 

  6. Kann de Minister bestätegen oder widderleeën, dass et an der Oplëschtung aus senger Äntwert Produzenten gëtt, déi net nëmmen eng Produktiozunsfirma bedreiwen, mee iwwer aner Firmen vum Filmfong Fërdergelder a Milliounenhéicht kruten an kréien? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3661

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene