Hëllefruff fir d’Betreiung vu Kanner am Spektrum

An engem WORT-Artikel vum 9te Februar 2026 gëtt de Fall vun enger Famill geschëldert, déi aus eegener Kraaft e Kand betreit an dat dauerhaft op Hëllef ugewise ass. Fir iwwerhaapt Leeschtungen aus der Assurance Dépendance ze kréien, mussen d’Elteren all Joer erëm nei noweisen, datt hiert Kand nach ëmmer krank ass, obwuel et sech ëm eng irreversibel a permanent medezinesch Situatioun handelt. Dës Prozedur gëtt vun de Betraffenen als psychesch a bürokratesch extrem belaaschtend empfonnt. Et gëtt och verwisen op ee rezente Fall an Australien, wou tragescherweis eng Famill sech d’Liewe geholl huet, déi an enger ähnlecher Extreemsituatioun war. D’Famill freet am Artikel konkret d’Hëllef vun der Gesondheetsministesch. Zitat aus dem Artikel: „Ich möchte sie herausfordern“, sagt sie daher auch, und meint damit die Gesundheitsministerin Martine Deprez. „Sie soll uns besuchen, sich unsere Situation ansehen und erklären, warum sie denkt, dass diese Hilfe für uns ausreichend ist.“

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Huet d’Gesondheetsministesch mat hirem Ministère op den Hëllefruff vun der Famill reagéiert?  Falls jo, wéi? Falls nee, wäert d’Ministesch reagéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3721

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene