Lëtzebuerger Schëffregister

Lëtzebuerg huet als Land keen direkten Uschloss un d’Mier an awer fueren op der Welt Handelsschëffer ënnert Lëtzebuerger Flagg. D’lëtzebuergesch Schëffsflott beschränkt sech net eleng op d’Booter, déi op der Musel fueren, mee et gi Schëffer, déi ënnert lëtzebuergeschem Fändel an internationale Gewässer ënnerwee sinn. Dës Schëffer sinn an engem maritimme Register hei am Land agedroen.  No de Bestëmmunge vun den internationale Konventiounen iwwert den international Séigebidder, huet de Staat gewësse Verantwortungen vis-à-vis vun dësem Schëffspavillon, wann dës sech an internationale Gewässer befannen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Schëffer sinn, Stand haut, am lëtzebuergesche maritimme Regëster ageschriwwen? Wéi vill vun deene Schëffer   • hunn ee Gewiicht bis 500 Tonnen? • hunn ee Gewiicht vu 501 bis 5000 Tonnen? • hunn ee Gewiicht vu 5001 bis 25000 Tonnen? • hunn ee Gewiicht vu méi wéi 25001 Tonnen? Wéi hunn sech dës Zuelen tëschent 2019 an 2025 entwéckelt?

  2. Huet Lëtzebuerg eege militäresch maritim Mëttel, fir Schëffer, déi ënnert dem lëtzebuergeschem Pavillon fueren, ze beschützen? 

  3. Notzt Lëtzebuerg, iwwer d’NATO, d’EU oder aner Kooperatiounsofkommesse mat anere Länner an Organisatiounen, militäresch maritim Mëttel, fir Schëffer, déi ënnert dem lëtzebuergeschem Pavillon fueren, ze beschützen? 

  4. Wéi eng Verantwortung huet Lëtzebuerg, wann ee Schëff ënner lëtzebuergeschem Pavillon an internationale Gewässer attackéiert oder blockéiert géif ginn?

  5. Vu wéi enge Verwaltungen a wéi ginn d’Schëffer, déi op oppener Séi ënnert Lëtzebuerger Flagg fueren, kontrolléiert (zum Beispill an de Beräicher vum Aarbechtsrecht, Ëmweltschutz, Steieren, etc.)?

  6. Wéi vill Steierrecettë kommen duerch de Lëtzebuerger Pavillon an d’Staatskeess a wat ass de Käschtepunkt vum maritimme Register fir de Staat?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3703

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene