Subsidefraude beim RGTR

An engem Communiqué vum 7te Juli 2025 vum European Public Prosecutor’s Office (EPPO) gouf matgedeelt, dass zu Lëtzebuerg eng Enquête amgaangen ass wéinst presuméierte Subventiounsbedruch am Beräich vum ëffentlechen Transport, woubäi et ëm ee Montant vu ronn 23 Milliounen Euro geet, deen u Busfirmen ausbezuelt gouf, déi Suen akasséiert hunn, fir d’Benotzung vun Elektrobusser, obschonn Diesel- oder Hybridbusser agesat goufen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass de ganzen RGTR-Reseau vun der Enquête betraff oder just eng oder verschidde Busfirmen, déi fir den RGTR operéieren? 

  2. Huet de Mobilitéitsministere verstäerkt Kontrollen agefouert, fir sécherzestellen, datt d’Konditioune vun ëffentleche Kontrakter am RGTR-System agehale ginn a fir méiglechen Subsidbedruch an Zukunft ze verhënneren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3697

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene