Zu Péiteng soll een Eisebunnsmusée opgemaach ginn, an deem, nieft historeschem Fuermaterial, och historesch wäertvoll Deeler vun der fréierer Ettelbrécker Gare sollen agebaut ginn, dëst am Sënn vum Denkmalschutz an Ëmweltschutz. Op der Website CIRCULAR BUILDING KNOWLEDGE PLATFORM ass vun engem potenzielle Recycling-Taux vu ronn 14 bis 17 Prozent rieds.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi héich ass de Undeel vun de Bauelementer vun der Ettelbrécker Gare, déi nom Ofrëss geséchert goufen a weidergenotzt ginn?
Wien sinn d’Abnehmer vun de gesécherte Bauelementer?
QP Nummer 3645