Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.
Laut Artikel 2 (5) vum Statut vun de Staatsbeamten souwéi dem Artikel 2 (6) vum Statut vun de Gemengebeamten ass et méiglech, dass Persounen op engem fräie Posten beim Staat oder bei der Gemeng agestallt kënne ginn, ouni dofir mussen de klassesche Parcours vum Staatsexamen an dem Stage mussen ze duerchlafen, déi am Prinzipp all Beamte muss duerchlafen. Dofir mussen d’Persounen op mannst eng professionell Erfahrung vun 12 Joer an déi neidesch spezifesch Qualifikatioune fir de betraffene fräie Posten virweisen. De Regierungsrot, respektiv dem Gemengerot, kënnen dës Persounen fir eng Mindestdauer vun engem Joer als Employé beim Staat, respektiv als Salarié bei der Gemeng astellen. No engem Joer kënnen dës Persounen direkt an de Beamtestatut gehuewe ginn, mat engem Classement individuell an ee belibege Grad an Échelon.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wéi vill Astellunge goufen an de leschten 10 Joren opgrond vun dëser exceptioneller Astellungsprozedur gemaach (opgeschlësselt no Ministère, Verwaltung, Gemeng, Gemengesyndikat, Etablissement public) an a wéi ee Grad an Echelon goufen dës Beamt:innen an deenen 10 Joer placéiert?
Wéi gëtt déi exigéiert professionell Erfahrung vun 12 Joer determinéiert? • Gëtt hei einfach d’Zäit gekuckt, dass een 12 Joer aktiv war oder muss ee konkrete Lien do sinn mam Posten an deenen 12 Erfahrungsjoren? • Ginn d’Studiejoren an déi 12 Joer Experienz bäigezielt a mussen dës universitär sinn? • Evaluéiert de Regierungsrot, respektiv de Gemengerot, no eegenem Ermiessen d’Erfarung oder no festgeluechtene Krittären? • Ginn d’Krittäre fir dës 12 Joer Erfarung scho bei der Schafung vum Posten opgestallt oder eréischt bei der Astellung iwwert dës Prozedur?
Bei der Astellungsprozedur op der Gemeng muss, nom Vott vum Gemengerot, fir de Salarié à tâche intellectuelle nach eng Transmission obligatoire op den Inneministère gemaach ginn. Huet den Inneministère heifir eege spezifesch Krittären, fir déi professionell Experienz vun 12 Joer an déi spezifesch gefrote Qualifikatiounen z’evaluéieren, oder suivéiert den Inneministère d’Krittären déi vum Gemengerot fixéiert goufen?
Kënnen och Persounen, déi aktuell schonn am Staats- oder Gemengendéngscht schaffen (onofhängeg vun hirem aktuelle Statut) an d’Konditioune vun 12 Joer Experienz an déi néideg Qualifikatioune fir de fräie Poste matbréngen, iwwert dës Prozedur nei agestallt ginn? • Falls jo, geet dat och an der nämmlechter Verwaltung? • Falls nee, firwat net?
Firwat gëtt bei dëser spezieller Astellungsprozedur een Ënnerscheed tëscht Staat a Gemenge gemaach, andeems déi betraffe Persoun bei der Gemeng als Salarié a beim Staat als Employé d’Etat agestallt gëtt?* *wann ee weess, dass • bei der Gemeng d’Persoun an d’Dispositioune vum Code du Travail fält, wärend beim Staat den Employé d’Etat de Schutz ënnert d’Konditioune vum Regime als Employé ka profitéieren; • d’Virdeeler vum Beamtestatut kloer op der Hand leien: Aarbechtsschutz a Kënnegungsschutz als Employé communal/d‘Etat, konkret Disziplinarprozedure souwéi d’Remuneratioun,déi un den Tableau indiciaire ugegliddert ass.
Fro n°3597
Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu
QP Nummer 3597