FRO.LU: Venezuelanescht Kapital vum Nicolas Maduro an der venezuelanescher Regierung zu Lëtzebuerg

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

D’Schwäizer Autoritéiten hunn d’Verméige vum fréiere venezuelaneschen Diktator Nicolás Maduro agefruer. D’Finanzaktiva an d’Suen, déi méiglecherweis illegal erwirtschaft goufen, kéinten dem venezuelanesche Staat iwwerwise ginn, fir esou dem venezuelanesche Vollek ze déngen.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass der lëtzebuergescher Regierung bekannt, ob an a wéi engem Ëmfang Kapital oder Verméigen, dat mat dem fréiere Staatschef Nicolás Maduro verbonnen ass, zu Lëtzebuerg gehal gëtt oder registréiert ass?

  2. Wéi steet d’Regierung zum Afréiere vun de Finanzaktiva vum fréiere venezuelaneschen Diktator a senger Regierung? 

Fro n°3589

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3589

*D’Bild gouf mat KI erstallt.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene