Enn November gouf am Lycée de Garçons de Luxembourg eng “Konferenz” ofgehalen, déi vun enger Asbl organiséiert gouf an un där aktiv Politiker souwéi ideologesch positionéiert Intervenante bedeelegt waren. Et ass u sech kloer, dass d’Schoulen hei am Land an hirem Bildungsoptrag der politescher Neutralitéit ënnerstinn. D’Notzung vu Schoulinfrastrukture fir politesch Evenementer, wou dann och nëmmen eng Säit vun der Medail beliicht gëtt, stellt dës politesch Neutralitéit a Fro.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Dierfen ëffentlech Schoulinfrastrukturen genotzt ginn, fir Manifestatiounen, Konferenzen oder Reuniounen ofzehalen, un deene politesch Acteuren als Spriecher optrieden?
Wéi gëtt an esou Fäll garantéiert, datt de Prinzip vun der politescher Neutralitéit vun de Schoulen agehale gëtt?
QP Nummer 3487