Rezent Berichter an der Press hunn e Fall vun engem orthopädesche Chirurg thematiséiert, deen de 22. Januar 2026 vun der Gesondheetsministesch provisoresch suspendéiert gouf, dëst wéinst dem Verdacht op onnéideg Operatiounen a Gefärdung vun der Patientesécherheet. Dës Decisioun baséiert op Avisen, déi vum Collège médical un de Ministère weidergeleet goufen, woubäi de Chirurg an deem Zesummenhang schwéier prozedural Feeler a Verletzunge vun de Rechter vun der Verdeedegung uféiert. Besonnesch gëtt kritiséiert, dass de Collège médical keng eegen disziplinaresch Enquête gefouert hätt, de Betraffenen net ugehéiert hätt an dass d’Decisioun deelweis op anonymiséierten Dossiere baséiert, déi der Verdeedegung net offegeluecht goufen. Doriwwer eraus huet de Parquet matgedeelt, dass no aktuellem Stand keng konkret objektiv Elementer fir e strofrechtlech relevant Verhale virleien, a verweist op d’Noutwendegkeet vun enger disziplinarescher Prozedur. Och d’Formalitéite vun den Avise vum Collège médical ginn a Fro gestallt, well onkloer ass, ob dës an enger reegelkonformer Sëtzung mat engem korrekte Quorum ofgestëmmt goufen. An dësem Kontext stellen sech Froen iwwer d’Rechtssécherheet vun administrative Prozeduren am Gesondheetswiesen an d’Gläichgewiicht tëscht Patienteschutz a Rechter vun der Verdeedegung.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Huet d’Ministesch virun der Ënnerzeechnung vum Arrêté ministériel iwwerpréift, ob déi vum Collège médical eragereechten Avise formell korrekt zustane koumen, besonnesch a Bezuch op d’Ofhale vun enger reegelkonformer Sëtzung an d’Existenz vun engem ofgestëmmte Beschloss?
Wéi rechtfertegt d’Ministesch den Zäitraum vu méi wéi engem Mount tëscht dem éischte Schreiwe vum Collège médical (16. Dezember) an der effektiver Suspendéierung (22. Januar), wann d’Mesure mat “Gefor am Verzuch” (péril en la demeure) begrënnt gëtt?
Ass et gängeg administrativ Praxis, eng Suspendéierung op Basis vun Dokumenter (wéi dem Schreiwe vun de sechs CHL-Dokteren) ze baséieren, déi der betraffener Persoun nëmmen anonymiséiert oder geschwäerzt virgeleeën hunn, wouduerch eng effektiv Stellungnam erschwéiert gëtt?
Firwat gouf keng disziplinaresch Enquête duerch de Collège médical ofgewaart oder gefuerdert, éier eng ministeriell Suspendéierung ausgeschwat gouf, besonnesch well de Parquet keng strofrechtlech Ermëttlungen ageleet huet?
Gëtt et eng standardiséiert Prozedur, déi festleet, wéi de Ministère d’Plausibilitéit vu virgeworfene medezinesche Feeler verifizéiert, wann de Collège médical selwer keen detailléiert fachlecht Gutachten (Expertise) erstellt, mee leedeglech Aussoe vun Drëtte weiderleet?
QP Nummer 3538