D’Busnetz zu Lëtzebuerg gëtt vum Lëtzebuerger Staat iwwert den RGTR organiséiert. Am System vum RGTR vergëtt de Staat, iwwer Konzessiounsverträg, ee Groussdeel vun de Busstrecken u Privatfirmen.
Aus der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°1932 geet ervir, dass hei eng Busfirma (Voyages Emile Weber Sàrl) dee gréissten Deel u Buslinnen a Kilometeren vum Staat zougesprach krut. Wann een dozou nach den Deel vu WEmobility (Voyages Zenners) dobäirechent (nämmlecht Bénéficiaires effectifs), dann ergëtt d’Bild, dass ee Bénéficiaire effectif ronn 40% vun de Buslinnen a gefuerene Kilometer ofdeckt an dëst fir een Gesamtmontant vu ronn 240 Milliounen Euro fir d’Joren 2022–2024, wat ronn 50% vum Gesamtmarché ass.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill ëffentlech Ausschreiwungen beim Mobilitéitsministère goungen zënter 2020 un d’Firmen Emile Weber an WE Mobility?
-
Wat ass de Gesamtmontant pro Joer u bezuelte Gelder zënter 2020, déi un dës Firmen ausbezuelt gouf?
QP Nummer 3544