Service bien-être au travail bei der Police

Aktuell schaffe bei der Police ronn 3250 Beamten. Polizist sinn ass een haarden Job, dee vill Energie, Engagement an Zäit erfuerdert. Et kënnt een um Terrain a vill Situatiounen, déi ee Mënsch psychologesch extreem belaaschte kënnen.  D’Personalpolitik bei der Police huet dofir ee Programm, deen sech ëm d’Wuelbefanne vun de Polizist:innen këmmert, de sougenannten SBET (Service de bien-être au travail), dee Beamt:innen ënnerstëtze soll, déi wéinst gesondheetlechen oder psychesche Problemer eng ugepasste Betreiung oder Aarbechtsorganisatioun brauchen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Beamten an zivil Mataarbechter vun der Police grand-ducale ginn aktuell am Kader vum SBET-Programm betreit a wéi huet sech dës Zuel an de leschte fënnef Joer entwéckelt?

  2. Wéi vill Beamte goufen zënter 2019 op aner Aarbechtsplazen detachéiert?

  3. Wéi vill Beamte konnten zënter 2019, no hirem Detachement, erëm zu 100% op hire Posten agefouert ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3522

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene