Vill verschidde Situatiounen kënnen zu engem Placement vum Kand féieren, wou de Placement ëmmer déi lescht Moossnahm ass, déi geholl gëtt. Am Kader vun enger rezenter parlamentarescher Fro n°3190 hunn d’Ministeren mer Zuehlen an Informatiounen zu de Signalementer a Placementer am Beräich vum Jugendschutz geliwwert. Mengen Informatiounen no ass et an der Vergangenheet och schonn zu Placementer komm, opgrond dovunner, dass Familljen hir Wunneng verluer hunn an d’Elteren net direkt relogéiert kënne ginn. Dëst ass zum Beispill de Fall vu Locatairen bei engem Déguerpissement, wou dacks eng Persoun vum Office social präsent ass, déi d’Situatioun begleet an eng temporär Plazéierung organiséiert. Fir déi betraffe Familljen bedeit dëst eng duebel Belaaschtung: Nieft dem Verloscht vun der Wunneng ginn si och temporär vun hire Kanner getrennt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Kann et zu engem Placement kommen, just doduerch, dass eng Famill hir Wunneng verléiert oder aus enger Wunneng erausgeheit gëtt (Déguerpissement)?
Geet de Verloscht vun der Wunneng duer oder mussen nach aner Krittären erfëllt sinn, déi de Placement vum Kand legitiméieren?
A wéi vill Fäll koum et an de leschte Joren zu enger Plazéierung vu Kanner (Mesures de garde provisoire du tribunal de la jeunesse) am Zesummenhang mat engem Déguerpissement oder Wunnengsverloscht vun den Elteren?
QP Nummer 3498