Digitaliséierung vum Friddensgeriicht (Ordonnance de paiement)

Oft kënnt et vir, dass Rechnungen, Loyeren oder aner Créancen onbezuelt bleiwen. Am Fall vu Streidereien ëm Geldfuerderungen ënnert 15.000€ hunn d’Leit d’Méiglechkeet, fir um Friddensgeriicht d’Suen ze reklaméieren. Am Joer 2024 goufen eleng  Friddensgeriicht zu Lëtzebuerg iwwert 30.000 Ordonnancen agereecht, zu Esch bal 40.000 an zu Dikrech ronn 17.000. D’Prozedur vun der “ordonnance conditionnelle de paiement” ass awer nach ëmmer zimmlech ëmständlech. Déi betraffe Bierger:innen, kleng Betriber oder Independante mussen op PDF-Formulairen zeréckgräifen, déi ausgedréckt, ënnerschriwwen an op klasseschem Wee um Friddensgeriicht selwer mussen deposéiert ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat ass et aktuell nach ëmmer net méiglech eng Requête en ordonnance conditionnelle de paiement beim Friddensgeriicht digital iwwer MyGuichet anzereechen, obwuel et sech ëm eng standardiséiert a vill genotzte Prozedur handelt?

  2. Ginn et konkret Projeten oder eng Zäitschinn, fir dës Prozedur an Zukunft voll digital ofzewéckelen a falls jo, wéini ass domat ze rechnen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3494

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene