Dateschutz beim Borgeld ophiewen

Am Kader vun de Gesetzer zur Bekämpfung vun der Geldwäsch an der Finanzéierung vum Terrorismus a kriminellen Aktivitéiten goufen an de leschte Joren ëmmer méi Kontrollen agefouert, fir Finanztransaktiounen z’iwwerwaachen.  Allerdéngs gëtt et ëmmer méi Kritik vu ville Säiten, well et schéngt wéi wa verschidde vun dëse Kontrollen iwwer d’Zil erausschéissen. Sou mussen zum Beispill Bankclienten, déi Boergeld vun hirem Bankkonto wëllen ophiewen, der Bank am Virfeld Auskonft driwwer ginn, fir wat d’Sue genotzt ginn. D’Bank deet sech heibäi a verschiddene Fäll net mat einfachen Erklärungen zefridden, mee freet och nach Beweisdokumenter, wéi zum Beispill Devisen fir de Kaf vun Artikelen.  Dëst wërft d’Fro op, ob d’Kontrollen net virun allem gesetzestrei Bierger:innen trëfft an ënner Generalverdacht setzt, déi faktesch net méi fräi iwwert hir eege Sue verfüge kënnen, wärend Krimineller ganz aner Méiglechkeeten notzen, fir dës Kontrollen z’ëmgoen. Vill privat Bankclienten fillen sech bei dëse Kontrollen enger Willkür vun de Banken ausgesat.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Op wéi enger konkreter gesetzlecher Grondlag dierfe Banken zu Lëtzebuerg bei Borgeldophiewungen de Client nom Zweck vun der Notzung froen? 

  2. Dierf d’Bank eng Borgeldophiewung refuséieren a falls jo, wéi kann ee Client sech dogéint wiehren?

  3. A wéi enge Fäll dierf eng Bank no Beweisdokumenter froen, fir eng Borgeldophiewung z’erlaben? 

  4. Wéi sollen sech Bankclient uleeën an u wien solle si sech wenden, wa si mengen, dass hir Bank eng willkürlech Decisioun geholl huet?

  5. Wéi vill Reklamatiounen vu Clienten sinn wéinst Decisiounen an dësem Kontext bei de fir Banken zoustännegen ëffentleche Verwaltungen agaangen?

  6. Wéi eng Richtlinnen oder Empfehlungen vum Staat oder der CSSF existéieren, déi d’Borgeldophiewungen encadréieren, a wéi gëtt verhënnert, datt et zu willkürlechen oder disproportionéierte Kontrolle kënnt oder d’Donnéeën vun de Clienten mëssbraucht ginn?

  7. Wéi eng ëffentlech Verwaltungen hunn een direkten Zougrëff op d’Clientsdonnéeën bei de Banken?

  8. Wéi eng ëffentlech Verwaltungen kënnen sech een Zougrëff op d’Clientsdonnéeën bei de Banken ufroen, zum Beispill am Kader vu Kontrollen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3496

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene