Et ass üüblech, dass d’Gemengen am Kader vun hirer Politik Terrainen oder Gebaier kafen. Et kann dobäi duerchaus virkommen, dass d’Gemengeverantwortlech sech heibäi, bewosst oder onbewosst, am Akafspräis verschätzen. Ee rezent Beispill aus dem Péitenger Gemengerot vum 14te Januar léisst Zweiwel iwwert de Präis opkommen. Den aktuelle Präis fir Agrarland hei zu Lëtzebuerg (Source STATEC, 2024) leit bei 48.500€ pro Hektar, deemno 485€ pro Ar. D’Gemeng bezillt fir een Terrain, deen am PAG als Agrarland definiert ass an eng Fläch vun 7,7, Ar huet, eng 154.600€, also ëm 20.000€ pro Ar, also 40 Mol méi. Beim Wunenngsbauministère gouf, am Kader vum Kaf vu VEFA-Projeten an dem Bau vun erschwénglechem Wunnraum, de CAHIER DES CHARGES POUR LE DEVELOPPEMENT DE LOGEMENTS ABORDABLES opgebaut. Et stellt sech d’Fro, wéi eng Krittären fir d’Gemengen gëllen, wann si Terrainen akafen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wäert den Inneministère d’Transaktioun, déi de 14te Januar am Péitenger Gemengerot gestëmmt gouf (9.2. “Compromis concernant l’acquisition d’un terrain sis à Pétange, lieu-dit « Rue des Promenades “) ënnert d’Lupp huelen?
Ginn et aner Gemengen, déi hei am Land fir 20.000€ oder méi pro Ar Agrarland kaf hunn?
Wéi eng Kritären gëllen fir d’Gemengen beim Akafspräis, wa si Terrainen oder Immobilien kafen?
Ab wéini considéréiert den Inneministère, dass eng Gemeng ze vill fir een Terrain bezuelt huet? Sinn d’Ministeren der Meenng, dass ee Präis vun 20.000€ pro Ar fir Agrarland der Realitéit entsprécht?
Wéi vill Immobilientransaktiounen goufen an de leschte 5 Joren vum Inneministère annuléiert? Wéi vill dovunner, well den Akafspräis net der Realitéit entsprach huet?
QP Nummer 3488