D’Gemeng Nidderaanwen krut rezent eng Auszeechnung vun der ASBL Actioun Lëtzebuergesch, well d’Websäit vun der Gemeng an der Lëtzebuergescher Sprooch ugebuede gëtt. Wéi RTL.LU an engem Artikel vum 11te Januar schreift: “D’Begrënnung dofir war, datt si hir ganz Websäit op Lëtzebuergesch iwwersat huet an den Text vun der Iwwersetzung och deenen anere Gemenge gratis zur Verfügung stellt.”
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
-
Wéi vill Gemengen hei am Land bidden hir Websäit op Lëtzebuergesch un?
QP Nummer 3453
*D’Bild gouf mat KI erstallt