Den Hawala-System ass eng informell Method fir Suen ze iwwerweisen, déi op Vertrauen an engem Netzwierk vun Händler baséiert, ouni datt physesch Suen d’Grenze mussen iwwerschreiden. Obwuel dëse System Risike wat Geldwäsch an Terrorismusfinanzéierung ka mat sech bréngen a vun Autoritéiten dacks als “Shadow-Banking” ugesi gëtt, ass en dacks déi eenzeg Méiglechkeet fir Mënschen, hir Familljen a Kriseregioune wéi Eritrea oder Afghanistan finanziell z’ënnerstëtzen, well de formelle Bankesecteur do oft net funktionéiert oder ofgeschnidden ass.
Wärend an Nopeschlänner wéi Däitschland d’Bedreiwe vun esou Servicer ouni Lizenz strikt strofrechtlech verfollegt gëtt, ginn et international och aner Usätz. Groussbritannien zum Beispill huet Initiative gestart, fir sougenannt “Hawaladaren” bei der Steierverwaltung ze registréieren an domat aus der Illegalitéit ze huelen, fir eng besser Kontroll ze garantéieren an de kriminelle Mëssbrauch ze reduzéieren. An dësem Kontext stellt sech d’Fro, wéi Lëtzebuerg mat dësem Phenomeen ëmgeet, besonnesch a Relatioun zu der diaspora-baséierter humanitärer Hëllef.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Huet de Ministère Informatiounen oder Schätzungen doriwwer, wéi vill Sue järlech aus Lëtzebuerg iwwer informell Bezuelsystemer wéi Hawala an d’Ausland fléissen?
-
Wéi vill Ermëttlungsverfare goufen an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg géint Bedreiwer vun net-lizenzéierte Bezuelungsdéngschter (am Kontext vun Hawala oder änleche Systemer) ageleet?
-
Besteet zu Lëtzebuerg ënner dem aktuelle reglementaresche Kader eng realistesch Méiglechkeet fir en Hawala-Ubidder, eng Lizenz oder Autorisatioun bei der CSSF ze kréien, oder sinn d’Ufuerderungen de facto inkompatibel mat dësem Geschäftsmodell?
-
Wéi bewäert de Minister de brittesche Modell, deen esou informell Systemer probéiert ze legaliséieren an ze registréieren, fir d’Transparenz ze erhéijen, an ass esou eng Approche och fir Lëtzebuerg denkbar?
-
Wéi eng Alternative recommandéiert de Ministère fir Awunner zu Lëtzebuerg, déi dréngend Geld a Länner musse schécken, déi vum internationalen SWIFT-System ofgeschnidde sinn oder kee funktionéierend Bankewiesen hunn?
QP Nummer 3391