En Artikel am Magazine “brand eins” beschreift déi drastesch Entwécklung um däitschen Terrainsmaart, wou d’Kafpräisser fir Agrarland an de leschten zéng Joer ëm 200 bis 350 Prozent geklomme sinn. De Bericht weist op, datt mëttlerweil grouss Agrarholdingen an net-landwirtschaftlech Investisseuren – wéi Fondatiounen oder Family-Offices – e bedeitenden Deel vun de Fläche besëtzen, a verschiddene Regioune bis zu 37 Prozent. Dëst geschitt dacks iwwer sougenannt “Share Deals”, mat deenen Investisseuren d’Reglementer vum Grundstückverkehrsgesetz ëmgoen, andeems se Participatiounen u Betriber kafen amplaz de Buedem direkt. Dës Dynamik féiert dozou, datt Pachtpräisser mat de Buedempräisser klammen a fir Baueren dacks net méi ze finanzéiere sinn. Fir d’Situatioun zu Lëtzebuerg objektiv bewäerten ze kënnen an ze préiwen, ob änlech Tendenzen existéieren, ass eng detailléiert Analys vun de verfügbaren Donnéeën iwwer d’Besëtzverhältnisser an d’Präisentwécklung noutwendeg.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Hektar landwirtschaftlech Fläch sinn no Donnéeë vum Ministère aktuell zu Lëtzebuerg am Besëtz vu juristesche Persounen, déi keng aktiv landwirtschaftlech Betriber sinn (z. B. Promoteuren, Immobilienholdings, Investmentfongen oder Fondatiounen)?
-
Wéi hunn sech d’Duerchschnëttspräisser fir de Kaf vu landwirtschaftlechem Terrain (Akerland a Gréngland) an de leschten 10 Joer zu Lëtzebuerg entwéckelt?
-
Huet de Ministère statistesch Donnéeën, déi weisen, a wéi engem Ëmfang sougenannt “Share Deals” (de Kaf vun Undeeler u landwirtschaftleche Gesellschaften amplaz vum direkte Landkaf) zu Lëtzebuerg an de leschte Jore stattfonnt hunn?
-
Wéi huet sech de Pachtpräis pro Hektar an de leschte Joren entwéckelt a gëtt et eng Korrelatioun tëscht der Kafpräisentwécklung an der Héicht vun de Pachten?
QP Nummer 3395