net personaliséiert offiziell Korrespondenz per E-Mail vu Ministèren

Et gëtt ëmmer méi dacks vu Bierger a Professionellen aus dem Bausecteur rapportéiert, datt verschidde staatlech Administratiounen, dorënner explizit Verwaltungen ënnert dem Ëmweltministère, offiziell Korrespondenz per E-Mail verschécken, déi net personaliséiert ass. Wéi aus konkrete Fäll, déi mir zougedroe goufen, ervirgeet, ginn dës E-Mailen dacks vu genereschen Adresse verschéckt an endegen ouni d’Nenne vum Numm oder der Funktioun vum zoustännege Beamten, mee leedeglech mat enger allgemenger Ënnerschrëft wéi „Unité Autorisations“.
Besonnesch problematesch gëtt dës Praxis, wann an dësen E-Mailen inhaltlech Positioune geholl ginn oder Demanden ofgeleent ginn (z.B. d’Ausso, eng Upassung wier “net denkbar”). Fir de Bierger ass an esou Fäll dacks onméiglech ze wëssen, wien säin Dossier beaarbecht huet. Doriwwer eraus stellt sech d’fundamental Fro no der juristescher Qualifikatioun vun esou enger Kommunikatioun. D’Feele vun enger formeller Identifikatioun an d’Form vun der Äntwert schafen eng Rechtsonsécherheet, besonnesch wat d’Méiglechkeete vun engem Recours ugeet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass de Minister iwwer dës Praxis vun anonymiséierten an net ënnerschriwwene Korrespondenzen an hiren Administratiounen informéiert?

  2. Ass d’Verschécke vu E-Mailen ouni d’Nenne vum Numm a vun der Funktioun vum zoustännege Mataarbechter konform mat de legale Bestëmmungen iwwer d’administrativ Prozedur an de Prinzippie vun der Transparenz am ëffentlechen Déngscht?

  3. Wéi eng juristesch Valeur hunn inhaltlech Aussoen oder Refusen, déi dem Bierger iwwer esou anonymiséiert E-Maile matgedeelt ginn?

  4. Handelt et sech bei E-Mailen, déi eng Upassung oder eng Geneemegung explizit ofleenen (“net denkbar”), ëm administrativ Akten (actes administratifs faisant grief), géint déi e Recours méiglech ass? Wa jo, wéi verhält et sech mat den Delaie fir e Recours, wann d’Decisioun net formell matgedeelt gouf an den Auteur net identifizéierbar ass?

  5. Gedenkt de Minister Instruktiounen ze ginn, fir sécherzestellen, datt all administrativ Decisioun, och wann se per E-Mail verschéckt gëtt, kloer engem zoustännege Beamten zouzeuerdnen ass an de formelle Viraussetzungen entsprécht?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3423

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene