D’Statute vun der Gesondheetskeess (CNS), speziell den Artikel 36 iwwert d’Limitatioun vun de Leeschtungen, leeë fest, datt grondsätzlech net méi wéi eng Consultatioun beim selwechten Dokter bannent 24 Stonnen iwwerholl gëtt. Och fir obstetresch Echographië gëtt et eng explizit Limitatioun op dräi Ënnersichunge pro Schwangerschaft. Et fënnt sech an den aktuellen Texter awer keng offensichtlech Bestëmmung, déi de Remboursement vun zwou verschiddenen, medezinesch indizéierten Echographien (z. B. vun ënnerschiddleche Kierperdeeler), déi um selwechten Dag duerchgefouert ginn, explizit ausschléisst.
Trotzdeem gouf mir vu Patiente rapportéiert, datt d’CNS de Remboursement refuséiert, wann zwou komplett ënnerschiddlech Ultraschall-Ënnersichungen um selwechten Dag duerchgefouert ginn, och wann eng gülteg medezinesch Ordonnance fir béid Exame virleit. Dës administrativ Praxis féiert dozou, datt Patiente gezwonge sinn, fir deen zweeten Examen en neie Rendez-vous un engem aneren Dag ze huelen. Dëst verursaacht net nëmmen onnéideg Deplacementer fir krank Patienten, mee blockéiert och ineffizienterweis zwee Rendez-vousen bei den Dokteren, wat d’Waardezäite fir aner Patienten onnéideg verlängert.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Op wéi enger geneeër legaler oder reglementarescher Basis (Artikel an de Statuten oder der Nomenklatur) berout de Refus vun der CNS, zwou verschidden a medezinesch verschriwwen Echographien, déi um selwechten Dag gemaach ginn, ze rembourséieren, wann den Artikel 36 vun de Statuten nëmmen explizit Limitatioune fir Consultatiounen an obstetresch Echographien ernimmt?
-
Ass d’Ministesch der Meenung, datt dës Praxis am Aklang mam Prinzip vun enger effizienter a patientefrëndlecher Versuergung steet, besonnesch wann et sech ëm Ënnersichunge vu ganz verschiddene Kierperregiounen handelt (z. B. Schilddrüs an Abdomen)?
-
Gëtt et Pläng, dës administrativ Hürd ofzeschafen, fir ze verhënneren, datt Patiente kënschtlech zu duebele Visite gezwonge ginn an domat d’Disponibilitéit fir aner Patiente reduzéiert gëtt?
QP Nummer 3422