Kuerzzäitverlouhnung

D’Kuerzzäitverlouhnung vu Wunnengen iwwer Plattformen, wéi zum Beispill Airbnb, hëlt zu Lëtzebuerg zënter Joren zou. “E klassesche “Bail à Loyer” zitt sech an der Reegel op mindestens een Joer. Allerdéngs lafen d’Kontrakter tëschent dem Hôte an dem Reesenden bei AirBnB am Prinzip ni iwwert een Joer. Villméi sinn d’Kontrakter éischter kuerzzäiteg, dat heescht fir maximal een Mount, meeschtens awer just e puer Deeg.” (Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°625 vun 2019)


Och wann dëst engersäits gutt ass fir den Tourismus, esou dierf net vergiess ginn, dass Lëtzebuerg nach ëmmer an enger Wunnengskris ass. Et feelt u genuch bezuelbarem Wunnraum fir d’Awunner:innen a vill Leit a prekär Situatioune bréngt. Wunnengen, déi fir d’Kuerzzeitverlounung genotzt ginn, stinn der lokaler Bevëlkerung a potenzielle Locatairen net méi zur Verfügung, mee ginn engem kommerzielle Gebrauch zougefouert. Dëst verschäerft den Drock um Locatiounsmaart a kann indirekt zu héijere Loyeren bäidroen.
D’Gréisstenuerdnung vun der Kuerzzäitverlouhnung gëtt däitlech, wann ee rezent Zuele vergläicht. Laut engem Artikel am Tageblatt vum 5ten November 2024 goufen am Joer 2023 ronn 1.100 Wunnengen fir d’Kuerzzäitverlouhnung ugebueden, wärend op der Plattform AtHome ongeféier 1.500 Wunnengen zur klassescher Locatioun disponibel waren. Dëse Verglach weist, datt d’Kuerzzäitverlouhnung e groussen Undeel vum disponibele Wunnraum absorbéiert an esou ee substantiellen Impakt op d’Offer u Wunnraum huet, an engem Kontext, an deem d’Wunnengskris sech weider verschäerft.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Deelt d’Regierung d’Aschätzung, datt eng Kuerzzeitverlounung, déi rechneresch ronn 1.100 Wunnengen aus dem Marché hëlt, am Verglach zu nëmme ronn 1.500 zur Locatioun ugebuedene Wunnengen, e strukturellen Impakt op de Wunnengsmaart hunn?

  2. Wäert d’Regierung eppes ënnerhuelen, fir dass déi vill Wunnengen an der Kuerzzäitlocatioun an de reguläre Wunnmarché agefouert ginn? Falls jo, wat ass geplangt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3425

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene