Denkmalschutz um Pabeier

De Bauerenhaff zu Äischer (Kadasternummer 236/2105) an der Gemeng Kiischpelt gouf 2023 vun der Denkmalschutzkommissioun (COPAC) als nationaalt kulturellt Ierwen agestuuft an ass, der fachlecher Bewäertung no, ee gutt Beispill vum ländleche Ierwen am Éislek.
An der Tëschenzäit ass d’Gebai awer ëmmer weider verfall a lescht Joer ass souguer den Daach vun der Scheier agefall, trotz Warnunge vun der Gemengeverwaltung un de Kulturministère, wéi een Artikel op RTL Today vum 26ten November geschriwwen huet. Wéinst dem spéiden Handelen huet een Deel vum geschützte Gebai dowéinst och nach ofgerappt musse ginn. Et schéngt, wéi wann et méi einfach wier, fir een denkmalgeschütztent Gebai ofzerappen, wéi derfir ze suergen, datt et net verfält.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Minister erklären, firwat de Bauerenhaff zu Äischer, trotz de Warnunge vun der Gemeng, iwwert déi lescht Jore verfale konnt? 

  2. Huet de Kulturministère hei an de leschte Jore konkret Schutzmoossnamen ergraff?
    • Falls jo, wéi eng Moossnahmen a firwat hunn dës net funktionéiert?
    • Falls nee, firwat huet de Kulturministère net agegraff?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3402

Source vum Bild:
https://www.luxembourgjungle.lu/enscherange-bauerenhaff-rtl-reportage/

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene