Undeel vum russesche Gas am Lëtzebuerger Gas-Mix – Nofro

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°3114 vum 12. November 2025 huet den Här Minister preziséiert, datt Lëtzebuerg Deel vum europäesche Bannemarché fir Gas ass an eng exakt Traçabilitéit vun de Gas-Moleküllen technesch net méiglech ass. Wärend de STATEC fir d’Joer 2023 ugëtt, datt e groussen Deel vun eisem Gas via d’Belsch (27,3% als LNG) a Frankräich (14,5% als LNG) importéiert gouf, weisen d’Eurostat-Zuelen, datt am zweeten Trimester 2025 EU-wäit nach ëmmer 12,9% vum LNG a 7,8% vum Pipeline-Gas aus Russland koumen.
D’Decisioun vum EU-Conseil vun den Energieministere vum 20. Oktober 2025 am Kader vu „RePowerEU“ gesäit vir, datt bis spéitstens Enn 2027 guer kee russesche Gas méi an d’EU soll fléissen. Well Lëtzebuerger Fournisseuren sech awer, laut der Äntwert vum Minister, weiderhi fräi um Bannemarché approvisionéiere kënnen an en Traçage schwiereg ass, stellt sech d’Fro, wéi dëst politescht Zil konkret ëmgesat an iwwerpréift ka ginn, ouni d’Versuergungssécherheet oder d’Präisstabilitéit ze gefäerden.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wann den direkten Traçage technesch onméiglech ass, wéi eng Schätzunge leien dem Ministère vir, wéi héich den effektive russeschen Undeel an deene Gas-Importer ass, déi laut STATEC offiziell aus der Belsch oder aus Frankräich kommen?

  2. Wéi gedenkt d’Regierung sécherzestellen, datt d’Zil vun „Null russesche Gas bis 2027“ erreecht gëtt, wann d’Lëtzebuerger Fournisseure weiderhi fräi op engem anonymiséierte Bannemarché akafen, wou russesche Gas potenziell ëmgelabelt weiderverkaaft gëtt, an z.B iwwert Drëttstaaten an d’EU erafléisst?

  3. Gëtt iwwerluecht, nei Transparenz-Reegelen oder Zertifizéierungspflichten (Certificates of Origin) fir Lëtzebuerger Gasimportateuren anzeféieren, fir d’Hierkonft vum Gas onofhängeg vu physikalesche Flëss kontraktuell nozeweisen?

  4. Wéi eng konkret Alternativen zu de momentane “Spot-Maart”-Akeef ginn de Gasfournisseuren ugeroden oder staatlech ënnerstëtzt, fir laangfristeg Kontrakter mat net-russesche Produzenten ofzeschléissen?

  5. Mat wéi engem Impakt op d’Energiepräisser fir Stroum a Gas rechent de Ministère fir d’Enn vum Joer 2027, wann déi bëlleg russesch Gas-Offer komplett vum europäesche Maart verschwënnt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3291

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene