Präis um Rayon versus Präis an der Keess

Rezent international Medieberichter, ënner anerem eng ëmfangräich Enquête vum „The Guardian“, hunn opgedeckt, datt grouss Händlerketten systematesch Problemer mat der Präisgenauegkeet hunn. Dobäi gouf festgestallt, datt de Präis um Rayon dacks méi niddereg ugewisen ass wéi deen, deen effektiv un der Keess gescannt an ofgerechent gëtt. Dës Praktike féieren dozou, datt Konsumenten, dacks ouni et ze mierken, ze vill bezuelen.

An engem Kontext, wou d’Kafkraaft och am Joer 2025 weiderhin en zentraalt Thema ass, ass d’Vertrauen an eng korrekt Präisauszeechnung essenziell. De Code de la consommation gëtt kloer vir, datt de Konsument net duerch falsch Informatiounen däerf an d’Ier gefouert ginn. Et stellt sech dowéinst d’Fro, wéi d’Situatioun hei zu Lëtzebuerg iwwerwaacht gëtt, fir sécherzestellen, datt d’Präisser um Regal mat deenen am Keessesystem iwwereneestëmmen a wéi d’Bilane vun de Kontrolle fir déi lescht Joren, inklusiv dem lafende Joer, ausgesinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng staatlech Verwaltung ass spezifesch dofir zoustänneg, d’Concordance tëscht dem affichéierte Präis am Rayon an dem effektive Scann-Präis an der Kees am Eenzelhandel ze kontrolléieren?

  2. Wéi vill Kontrollen (Inspektiounen) goufen an de Joren 2023, 2024 an 2025 spezifesch an dësem Beräich duerchgefouert?

  3. Bei wéi vill Betriber oder Geschäfter goufen an dësem Zäitraum (2023-2025) Verstéiss géint d’Präisindikatioun oder Differenzen tëscht Rayon- a Keeseepräis festgestallt?

  4. Gëtt et zu Lëtzebuerg eng gesetzlech toleréiert Feelerquot (Toleranzgrenz) bei Präisofweichungen bei enger Kontroll, oder gëllt de Prinzip vun der Null-Toleranz?

  5. Wéi héich waren d’Geldstrofen oder administrativ Sanktiounen, déi an de Joren 2023, 2024 an 2025 wéinst esou Verstéiss verhaang goufen?

  6. Ginn et spezifesch Handelssecteuren (z.B. Supermarchéen, Discount-Butteker, Kleedergeschäfter), déi bei de Kontrollen an de leschte Joren negativ opgefall sinn?

  7. Wéi ginn d’Reklamatioune vu Konsumenten iwwer falsch Präisofrechnungen statistesch erfaasst an ausgewäert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3307

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene