Schoulesch Aktivitéiten um Lampertsbierg

Op enger Informatiounsversammlung den 23te Mee 2016 am Tramschapp haten déi deemoleg Verantwortlech aus der fréierer Regierung souwéi der Stater Gemeng den Awunner um Lampertsbierg ee Konzept virgeluecht, fir d’Verkéierssituatioun um Lampertsbierg ze berouegen. D’Zil war et, fir bis 2027 manner schoulesch Aktivitéiten um Lampertsbierg ze hunn, fir domadder den Trafic ze berouegen. Schoul- an Unisgebaier sollten ëmgenotzt ginn, fir Wunnengen hei ze bauen. Et stellt een awer fest, dass haut am Joer 2025 awer nach ëmmer vill schoulesch Aktivitéiten am Quartier konzentréiert sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Schüler waren 2016 an de Schoulen um Lampertsbierg ageschriwwen a wéi vill Plaze fir Studente waren um Campus Lampertsbierg?  Wéi hunn sech dës Zuele bis 2025 entwéckelt?

  2. Hält d’Regierung un der Zuel vu 6000 manner Schüler bis 2027 fest, wéi et op der Versammlung presentéiert gouf?  Falls net, wat ass déi aktualiséiert Zuel?

  3. Wéi vill a wéi eng Terrainen um Lampertsbierg, déi duerch d’Plënnere vu Schoulen oder der Uni fräi gi sinn, goufe fir Wunnengsprojeten ëmstrukturéiert a wéi vill Wunnenge sinn hei entstanen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3271

Zesummenhang posts

Context: 8587 Alphabetiséierung op Franséich D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: De Projet de loi 8587 ass e Projet deen op national ausgeluechten Iwwerleeungen
Op enger Informatiounsversammlung den 23te Mee 2016 am Tramschapp haten déi deemoleg Verantwortlech aus der fréierer Regierung souwéi der Stater Gemeng den Awunner um